Santi-Shop
fruitlavandeplage
A A A

Villfälteg Qualitéitsprodukter zu attraktive Präisser

Wuelfillen a Gesondheet orientéiert, bidd eisen Online-Buttek biologesch, natiirlech oder ökologesch Produkter mat detailléierten explikatiounen, mat Photo, Verfallsdatum a Prais pro Kilo. Fir eng detailléiert Lëscht vun de verschidde Gamme vu Produkter a Marken, kuckt Iech wann ech gelift d' nofolgend Lëschten un.

Online-Buttek an international Liwwerung

Santi-shop, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, steet online op franséisch, englesch, däitsch an hollännesch, a liwwert an d'ganz Welt mat der Post an engem Transportbetrieb. Bestellunge können och beim Santi-shop-Sëtz zu Bèiwen op der Atert ofgeholl gin.

Op franséisch : www.santi-shop.eu/fr/

Op englesch : www.santi-shop.eu/en/

Op däitsch : www.santi-shop.eu/de/

Op hollännesch : www.santi-shop.eu/nl/

Degressiv Transportkäschten

Bei all Akaafstranche vun 10 euro iwwert engem Basisakaafspräis vun 10 euro kritt een eng Transportkäschtenreduktioun vun 1 euro.

Präisser a verschidden Devisen, ofgeséchert Bezuelung an Euro

D’Präisser sin an Euro ugin, mee dir kënnt eng aner Devise aus enger Lëscht uweisen loossen. D’Bezuelung geschitt exclusiv an Euro, iwwert en ofgesécherten Wee mat der Kreditkaart (Visa oder Mastercard) oder, an der Europäescher Unioun, iwwert SEPA Iwwerweisung.

Een Qualitéits Déngscht

D’Equipe vun Santi-shop ass fir Iech do, an dat a 4 Sproochen. Mir schwätzen franséisch, englesch, däitsch an hollännesch.

Mir giffen eis drop freen iech zu eiser nationaler Clientèle kënnen derbäi ze zielen

(Schons Liwwerungen an iwwert 55 verschidde Länner)

Detailléiert Lëscht vun de verschidden Produkt-Gammen

Aromatherapie : wëll oder bio ätherische Öle (huiles essentielles), bio Planzenuelege, Diffusor (Verstréimer) a Spray

Kosmetik : Schmink (Gesiicht, Aen, Lëpsen, Neel, Tätowéierungen), Gesiichts-Kosmetik (géint den Alter, Haut-rengeger, Crème a flësseg Crème, Lotioun a Serum, Aen a Lëpsen, Mask a Kur), Hoer-Kosmetik (Fuerwen, Shampooing), Kierper-Kosmetik (Crème a flësseg Crème, och speziell fir Dékolleté, Hänn a Féiss), Hygiene (Seef, Shampoing, Zänn-Hygiene, weiblech Hygiene, Déodorant), Sonne-Schutz

Gesondheet : Leem, Ernährungszousätz, Phytotherapie (Bach Blummen, Gemmotherapie (Komplexen a Muttermazeraten (macérats-mère), medizinal Planzen, Muttertinkturen (teintures-mères), Zirup, Elixir, Balsam, Schmier, Crèmen), Produkter vum Beiestack (Hunneg, Propolis), Wanterfleeg

An : Bicher, Haus (Ënnerhalt), duuss Musek, bio-Ernährung

Lëscht vun de Marken

Albamed, Allos, Aquabio, Arche, Argiletz, Benecos, Bio Atlantic, Biofloral, Biosolis, Biover, Brita, Chocoreale, Contento, Curiosa, Davert, Dr.Hauschka, Ecover, Ekoland, Gepa, GPH Diffusion, Herbalgem, Hoyer, Joydivision, La Bio Idea, Label Biosphère, Lima, Logona, Lune Group, Marius Fabre, Martina Gebhardt (Biodynameg Komsetik Demeter), Morgenland, Natracare, NJD Cosmetics, Oléanat, Primavera, Santaverde, Sante, Terre de Couleur, Traay, Urtekram, Werz, Zwergenwiese